East Side Pirates Berbuerg-Waasserbëlleg

East Side Pirates Berbuerg-Waasserbëlleg Berbourg - Iechternach - Waasserbëlleg
Basketball club from Luxembourg since 2014

News/announcements about the basketball club East Side Pirates Berbourg/Waaserbelleg

De 27. September ass et erëm sou wäit! Kommt laanscht an ënnerstëtzt eise Veräin andeems der eng gutt Spaghetti iesse ko...
09/09/2026

De 27. September ass et erëm sou wäit! Kommt laanscht an ënnerstëtzt eise Veräin andeems der eng gutt Spaghetti iesse kommt!🍝

Eis Dammenequippen maachen sech prett fir de Championnat an hu schonn hir éischt Frëndschaftsmatcher hannert sech!💪🏼🏀⛹️‍...
05/09/2026

Eis Dammenequippen maachen sech prett fir de Championnat an hu schonn hir éischt Frëndschaftsmatcher hannert sech!💪🏼🏀⛹️‍♀️

⛺️💦 Fillettes A goes Losheim am See! 💦⛺️Den 03.08. si eis Fillettes A fir hiert Teambuilding-Adventure op Losheim am See...
07/08/2026

⛺️💦 Fillettes A goes Losheim am See! 💦⛺️

Den 03.08. si eis Fillettes A fir hiert Teambuilding-Adventure op Losheim am See gestart – 2 Deeg voller Action, Waasser, Spaass a ganz vill Teamgeescht! 💪🏼❤️

Gezelt 🏕️, am Waasserpark geplanscht 🌊, Stand-Up-Paddling gemeeschtert 🏄🏼‍♀️ … an natierlech gouf och vill gelaacht! 😂

Ma wéi et sech fir e richtegt Adventure gehéiert, huet d’Natur direkt den éischten Owend nach e klenge Programm-Punkt dobäigesat: e fermt Onwieder 🌩️⛈️!
Wärend ronderëm vill Zelter d’Handduch hu misse werfen, stoungen eise Mädels hir Zelter wéi eng 1! 😎💪🏼⛺️
Gutt opgeriicht, gutt ofgeséchert – Teamwork eben! 😉

No enger stiermescher éischter Nuecht konnt et den Dag drop awer direkt weidergoen: Waasser, Paddelen, Action a virun allem eng super Zäit zesummen! 🥰

Zwee Deeg, vill Erënnerungen, e puer naass Kleeder an hoffentlech e gudde Muskelkater – mee virun allem: e staarkt Team! ❤️💙

🙏🏼 E grousse Merci un d’Tania an d’Nina, déi déi zwee Deeg mat eise Meedercher dobäi waren, si begleet hunn an dofir gesuergt hunn, datt dëst Teambuilding-Adventure esou flott konnt stattfannen! ❤️

11 Jongen (Scolaires a Cadets) hu sech zesumme mat 3 Traineren an 2 Begleederinnen op eng spannend Busrees op Roseto deg...
01/08/2026

11 Jongen (Scolaires a Cadets) hu sech zesumme mat 3 Traineren an 2 Begleederinnen op eng spannend Busrees op Roseto degli Abruzzi gemaach.
Ënnerwee hu si en Tëschestopp a Südtiroul ageluecht, wou si eng flott Wanderung an den Dolomite gemaach hunn, éier si weider op de Transforming Basketball Camp gefuer sinn.
Hei kréien si d’Méiglechkeet, zesumme mat méi wéi 40 anere Spiller aus iwwer 20 verschiddene Natiounen an internationale Coachen ze trainéieren, ze léieren an hir basketballeresch Fäegkeeten ze verbesseren.

Dës eenzegaarteg Erfarung wäert hinnen hëllefen, sech sportlech a perséinlech weiderzëentwéckelen a nei international Frëndschaften ze knäppen.🏀🏴‍☠️

D’East Side Pirates sinn dëst Joer beim Velosummer dobäi! 🚴‍♀️🍹Kommt op ärem Tour laanscht a belount iech mat engem rich...
23/07/2026

D’East Side Pirates sinn dëst Joer beim Velosummer dobäi! 🚴‍♀️🍹

Kommt op ärem Tour laanscht a belount iech mat engem richteg gudde Cocktail. Well no e puer Kilometer um Vëlo schmaacht en nach vill besser – a vläicht fält de Rescht vum Wee dann och e bëssen méi liicht.

Dëse Weekend fënnt de Pirates Camp zu Berbuerg a Waasserbëlleg statt fir d’Saison 25/26 ofzeschléissen. 31 Kanner sinn d...
19/07/2026

Dëse Weekend fënnt de Pirates Camp zu Berbuerg a Waasserbëlleg statt fir d’Saison 25/26 ofzeschléissen. 31 Kanner sinn derbäi fir 2 Basketsdeeg mat schloofen an der Haal zesummen ze verbrengen 💪🏻🏀⛹️‍♀️⛹️‍♂️.

Haut den Owend war d’Generalversammlung vun den East Side Pirates.🏴‍☠️ Bei dëser Geleeënheet hu mir e Réckbléck op d‘Sai...
16/07/2026

Haut den Owend war d’Generalversammlung vun den East Side Pirates.🏴‍☠️ Bei dëser Geleeënheet hu mir e Réckbléck op d‘Saison 2025/2026 gemaach.
Den Owend hunn och 4 Comitésmemberen hire Posten fräi gemaach. Mir soen eisen treien Comitésmemberen e grousse Merci fir hiren Asaz iwwert déi läscht Joren.

Merci eisem Sekretariat, dem Samantha, Noémie a Fruni.
An e ganz besonnegen Merci geet un d’Karin, wat iwwert Joerzéngten sech immens am Veräin engagéiert huet.🙏

Och dëst Joer si mir rëm um Parkfest vertrueden!🏴‍☠️ Kommt een laanscht drénken!🍻
11/07/2026

Och dëst Joer si mir rëm um Parkfest vertrueden!🏴‍☠️ Kommt een laanscht drénken!🍻

International Girls Cup 2026 Day 2
08/07/2026

International Girls Cup 2026 Day 2

Zweeten Daag vum Pirates International Girls Cup 2026! De Sonndeg stoung ganz am Zeechen vun der Kategorie U14, an och hei krut d'Publikum spannenden Basket ze gesinn! An den Hallefinalen setzt East Side Pirates A sech géint hir eege B-Ekipp duerch während Capitol Bascats Düsseldorf sech knapp g....

Inernational Girls Cup Pics Day 1
05/07/2026

Inernational Girls Cup Pics Day 1

Inernational Girls Cup Pics Day 1 - post - BBC East Side Pirates Berbuerg-Iechternach-Waasserbëlleg

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque East Side Pirates Berbuerg-Waasserbëlleg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager