29/08/2026
☀️ E grousse Merci fir dëse Summer! ☀️
Léif Famill, léif Frënn,
Wat war dat e Summer! 💃🕺
Am GRIDX, zu Monnerech, zu Al Dikkrich an zu Déifferdéng — véier Mol dobaussen ënnert fräiem Himmel an der oppener Loft, véier Mol eng voll Danzfläch, an all Kéier déi selwecht gutt Laun. ☀️
Dofir e grousse Merci:
★ un Iech all, déi gedanzt, gesongen, gesprongen a gelaacht hutt 💃🕺
★ un eis Plakkenopleeër — de Jerry, de Claude F., de Fritz, den André, den Tony, de Petz, den Daniel, de Jules — an un de Laurent an de Corbi um Mikro 🎤
★ un den Damnitz fir de schéine Video 🎥
★ un déi, déi eis d'Dieren opgemaach hunn: GRIDX, d'Gemeng Monnerech, Al Dikkrich an DiffBeach / Stad Déifferdéng 🙏
★ un all déi Hänn hannert de Kulissen — Opbau, Comptoir, Deko, Ofbau 💪
Elo ginn d'Sandalen an d'Summerturnschong ewechgeluecht — an d'Wanterturnschong erausgeholl. 👟
Mir gesinn eis op de Gebuertsdag: e Sonndeg, den 8. November am Centre Culturel Melusina.
https://fb.me/e/4WnPcSfE3