23/08/2026
Réckbléck op eisen 10. Camp zu Fiesch 🏔️💙
Vum 16.08. bis den 22.08. ware mir mat 51 Leit op eisem traditionelle Camp zu Fiesch, eng Woch voller Sport, Natur, Gemeinschaft a virun allem vill gudder Laun! 🙌
Eis Jugend huet sech mat vill Energie op déi nei Saison virbereet, wärend déi Erwuessen déi schéi Bierger bei verschiddene Wanderungen entdeckt a genoss hunn. 🥾🏔️
En absolute Highlight war wéi ëmmer eis Wanderung um Mëttwoch.
Mat Schwammen am Séi 🏊♂️ an enger flotter Trotinette-Faart 🛴 gouf et och ausserhalb vum Training ni langweileg!
E grousse MERCI un eis Traineren a Benevolen fir hiren Asaz an den super Enkadrement, an natierlech un jiddereen, deen zu dëser genialer Ambiance bäigedroen huet. ❤️
Mir kucken op eng onvergiesslech Camp Woch zeréck a si prett fir eng nei Saison! 💪🔥