23/08/2024
Eisen Verein muss Iech mat schwéierem Herzen matdeelen, dass eng Velosvedette eis fir ëmmer verloos huet. D’Bénédicte war vun Ufank u mat dobäi, an mir hunn zesummen vill wonnerbar Momenter um Vëlo erlieft.
*Op dech konnt een sech ëmmer verloossen, souguer bei “kal an naass” bass du als Éischt op de Vëlo geklommen. Eréischt viru kuerzem hues du nach fir eis Equipe den Depart bei 24h Vëlo Wentger gemaach…*
Wann d’Béné dobäi war, gouf et ëmmer vill ze laachen, well säin Humor war einfach herrlech.
*Béné, du haas däin Häerz um richtege Fleck, mir vermëssen dech all, an mir wäerten dech ni vergiessen.*
D’Velosvedetten drécken der Famill an dem Alain Biren eist déifste Bäileed aus.
🤍🚴♀️