14/06/2026
E Freiden Owend am Barteshaus war et den Ofschloss vun enger laanger Saison mat als Héichpunkt dem 50. Anniversaire vun eisem Verain.
Den Tom Thines konnt e Cheque iwwerreechen iwwer 1100€. Hien haat fir den Anniversaire Blummen aus Holz gemaach an déi verkaaf an entscheed den Erléis un den DT ze gin mat der Idee en Ausfluch ze maachen❤️
Ausgezeechent goufen och déi 3., 4. an 5. Ekipp fir hieren Opstieg!💪
D'Generalversammlung stung ganz am Zeechen vun Abschied an engem Bléck no viir.
De Pierre Neser huet no iwwer 35 Joer als Keesenrevisor opgehaalen.💐
An dann war et den laang geplangten Abschied vun 4 Memberen aus dem Comité: Maryse no 25 Joer dovun 15 als Sekretärin, dem Jacques no 25 Joer als Keessier, dem Vinc no 15 Joer als Präsident an dem Aloyse no 50 Joer am Comité. Fir sie gouf et een Abschied deen keen sou schnell vergësst!🥹
De Luss Meyers huet dunn nach e puer schéin Wieder un eise Verain geriicht ier de Ravi eis verwinnt huet mat indeschem Iessen.
De Comité setzt sech elo folgermoossen zesummen:
Anouk Miny (Präsidentin), Sam Hendel (Sekretär), Patrick Hebertz (Keessier), Max Schweich (Resp. Equipen), Larissa Gales, Marc Remy, Daniel Remy, Dylan Bossio, Charel Thill, Edwin Van Mierlo an Luc Reff.
Fotoën: Mario Thill📸