Ben's Training Strategy

Appeler Contacter l'entreprise

Ben's Training Strategy Ich helfe verletzten Sportlern bei der RĂŒckkehr zum Laufen und zu ihrer Bestform🏃🚀

Verletzt? Wat eloâ€ŠđŸ€”Denken dat ass gĂ«tt Cool Serie dĂ©i ville Leefer hĂ«llefe kĂ©int sech selwer besser ze managen.D‘Reaktio...
10/11/2026

Verletzt? Wat eloâ€ŠđŸ€”

Denken dat ass gëtt Cool Serie déi ville Leefer hëllefe kéint sech selwer besser ze managen.

D‘Reaktioun an den Ă©ichten Deeg no Peng oder Verletzung bestĂ«mmt wĂ©i schnell mer rem un der Startline stinn. An dofir musse mer eis Verletzung richteg aschĂ€tzen

Dein TO DO:

âžĄïž Schmerztagebuch fĂ©ieren

1ïžâƒŁ bei wat deed et wĂ©i? (Sport, am Alldag..)

2ïžâƒŁ wivill deed et wĂ©i? (vun 1-10)

3ïžâƒŁ wou deed et genau wĂ©i?

Wann d‘Schinnebeen nĂ«mmen beim Lafen eng 2/10 ass, ass komplett Paus kontraproduktiv

Wann et awer beim Goen eng 6/10 ass, solls de vlÀit am Training net weider murksen


Bass du grad verletzt ans brauchs Hëllef dein Training unzepassen an richteg ze strukturéieren?

Ech hunn am November nach 2 Platzen op, domats de nĂ€chst Saison optimal prĂ©parĂ©iert un der Startline steesđŸƒâ€â™€ïž

KommentĂ©ier R2R fir ze starten!đŸ€

05/11/2026

Lafen baut vill Spannung op (wat fir ze lafen amfong gutt & ass). Mais net fir naischt huet dofir all zweeten d‘Heften & de Reck verspannt an probĂ©iert sech verzweifelt do raus ze dehnen


An mengen Aan ass dehnen awer overrated well et nemmen e ganz kurzfristegen Effekt op d’Beweglechkeet huet. Am Reha Kontext kann et zwar SĂ«nn machen mais dierf op kee Fall dĂ©i eenzeg Behandlungsmethode sinnđŸ«Ł

Wisou?

Hei 3 Haptmechanismen:

1ïžâƒŁ dat zentralt Nervesystem baut eng Schutzspannung op wou et keng Kraft & Kontrolle huet. It’s that simple🧠 passiv Dehnungen ginn eisem Nervesystem net dĂ©i nĂ©ideg Secherheet fir Spannung lass ze lossen. Hei kennt Krafttraining an d‘SpillđŸ‹ïž

2ïžâƒŁ Durch Dehnen verlĂ€ngert sech d‘Gewebe selwer net. Durch de Krafttraining kennen awer Strukturen wĂ©i Collagenfaseren sech upassen an mĂ©i dehnbar ginn⛓

3ïžâƒŁ Krafttraining ass vill mĂ©i variabel, bewegt eis Gelenker mĂ©i oft durch eng voll Range of Motion wĂ©i wa mir emmer passiv um gleiche Muskel zerren


Et seht een net fir naischt dass gudden Krafttraining „DEHNEN UNTER LAST“ ass. Also kenne mir domat zwou Mecken mat enger Klapp schloen (an eis onnĂ©ideg TrainingszĂ€it spueren)đŸ€·â€â™‚ïž

Oktober ✅Sou lues geht alles an dĂ©i richteg Richtung😉
03/11/2026

Oktober ✅

Sou lues geht alles an dĂ©i richteg Richtung😉

Bësse wéi Training ass och SelbststÀnnegkeet ass einfach en endlosen Grind. Mais et lount sech ze beissen &drun ze bleiw...
03/11/2026

BĂ«sse wĂ©i Training ass och SelbststĂ€nnegkeet ass einfach en endlosen Grind. Mais et lount sech ze beissen &drun ze bleiwenđŸ’Ș

Oktober ✅

Functional Training gëtt total mëssverstann an als eng fest Trainingsmethod gesinn. DobÀi misst sech Functional Training...
27/10/2026

Functional Training gĂ«tt total mĂ«ssverstann an als eng fest Trainingsmethod gesinn. DobĂ€i misst sech Functional Training un der FUNKTIOUN ausrichten, dĂ©i fir de Sport noutwĂ€nneg assđŸƒâ€â™€ïž

Dorun scheiteren extrem vill Leit am Return to Run Prozess well einfach net spezifesch genug op d‘Demande vum Lafen prĂ©parĂ©iert gĂ«ttâšĄïž

D‘Konsequenz ass en groußt Wiederverletzungsrisiko well mer trotz vill Training Ă«mmer na net pret sinn fir ze lafen.

Dat gleicht gellt och fir gesond Leefer dĂ©i frustrĂ©iert sinn dass se trotz Krafttraining kee ProgrĂšs gesinn beim LafenđŸ‹ïž

Soubal engem bewosst gĂ«tt dass beim Lafen an 250ms ca 6x Kierpergewicht Kraft vun der Wued produzĂ©iert gi muss an een sech richteg dorop prĂ©parĂ©iert ass dat en Game Changer🧠

Du kenns aus enger Verletzung oder wells deng Performance op en neie Level brengen, dann ass dat dein StartpunktđŸ’Ș

22/10/2026

Wann ech eng Übung fir Leefer auswielen misst, dann wier dat WUEDENHIEWEN (ouni Diskussioun)!💯

An mir schwÀtzen net vun 50 Reps mat Bodyweight


D‘Wued muss pro Schratt beim Lafen bis zu 6-facht Kierpergewicht u Kraft produzĂ©ieren!

Genau dofir gesinn mir souvill Verletzungen un de Féiss & Wueden:

1ïžâƒŁ Shin Splints

2ïžâƒŁ Achillessehnentendinopathie

3ïžâƒŁ Stressfrakturen (Fouß an Schinnebeen)

4ïžâƒŁ Plantar fasciitis
 etc

An dorop musse mer eis mat schwĂ©ierem Krafttraining an exzentreschem Training virbereeden👏

Dofir sinn hei déi 3 heefegst Varianten, déi quasi all meng Clienten machen.

Wichteg: QualitĂ©it ass Ă«mmer prioritĂ©it. Dir wĂ«llt dat Gewicht Ă«mmer kontrollĂ©ieren bis an d‘Dehnung rof & de KnĂ©i dobĂ€i STRIKT gestreckt lossenđŸ’Ș

Falls dech sou eng Verletzung beim Lafen bremst, kommentĂ©ier mat engem â€žđŸŠ¶â€œ enner desen Video

No enger Stressfraktur am Schinnebeen hu mir am August den Coaching gestartâšĄïžZiel: an 9 Wochen en Marathon lafen!🏃Mir wa...
20/10/2026

No enger Stressfraktur am Schinnebeen hu mir am August den Coaching gestartâšĄïž

Ziel: an 9 Wochen en Marathon lafen!🏃

Mir war direkt kloer dass et knapp gëtt an den Marathon ausfalle kéint. Déi Erwardung hunn ech och kloer kommunizéiert.

Fir eng weider Verletzung auszeschlĂ©issen hu mir kloer Regelen opgestallt an vu Woch zu Woch geschafft amplatz eppes ze forcĂ©ierenđŸ€

De Fokus loung net op klassesche Marathon Workouts mais dorop massiv KapazitĂ©it am Fouss & der Wued opzebauen, souwĂ©i mĂ©i effizient am Lafen ze ginn. Den Volume hu mir lues a lues no Toleranz gesteigert📈

An d‘Kraft, Form an d‘Gefill sinn wĂ€hrend denen 9 Wochen Ă«mmer besser ginn, sou dass mer eis fir den Marathon entscheed hunn..

âžĄïž ..4h03 đŸ’„đŸš€

Ech sinn hyped an gespannt wat mir am nĂ€chsten Trainingsblock raushuelen kennen wann mir spezifesch fir e Marathon trainĂ©ieren!!đŸ’Ș

Absolut PrioritĂ©it ass awer dass mer d‘Approche sou upassen dass seng PrĂ©paratiounen mĂ©i nohalteg sinn, an mer e VerstĂ€ndnis entweckelen wisou et iwwerhapt zur Verletzung komm ass


Well den grĂ©ißte Risikofaktor fir eng Stressfraktur
 ass eng frĂ©ier Stressfraktur an naischt un der Approche ze Ă€nneren💯

17/10/2026

Eppes ass kloer: wanns de besser & mĂ©i nohalteg aus denger Verletzung zreck komme wells, dann muss de mĂ©i stark ginnđŸ’Ș
.an dat geht net mat enger klassescher Leeferroutine dĂ©i sech 1 joer net verĂ€nnert.an och net wann mer eis all Woch eng nei Übung online zesumme sichen

âžĄïž Mir mussen d‘Basics einfach verdammt gut machen

D.h iwwer lang ZÀit konstant bleiwen an eis am Krafttraining richteg challengen - Àhnlech wéi mer et aus dem Lafe gewinnt sinn

15/10/2026

Vill verletzt Leefer hunn d‘Gefill dass se alles schon probĂ©iert hunn. An ech hunn leider selwer d’Erfahrung gemach dass dĂ©i UsĂ€tz oft net komplett genug sinn!

VlĂ€it huet sech na keen d‘ZĂ€it gehol mĂ©iglech Ursachen fir dein Problem ze verstoen & sech ugekuckt wĂ©is du dech bewegs & leefs đŸš«

Du hues zwar Übungen gemach mais nie en langfristege Plang deen dech no kloere CritĂšre durch verschidden Phasen bis zrĂ©ck an d‘Lafe brengt

Ziel ass et en VerstĂ€ndnis & Secherheet suwuel am Kraftraum wĂ©i och op der Piste opzebauen domat eng nohalteg Basis opbaue kann, dĂ©i iwwert d‘Reha raus geht 📈

An mir all wĂ«ssen wĂ©i wichteg Lafen am Liewe ka sinn & wat Verletzungen mental mat eis machen.. dofir ass et zentral en Support ze hunn deen nolauschtert an op deng Suergen angeht 🙏

Wanns du dĂ©i Problemer kenns, hunn ech eng gutt Noricht fir dech: et gĂ«tt na souvill Loft no uewen befirs de d‘Schung un de Nol hĂ€nksđŸƒâ€â™€ïž

Du wees net wous de mat denger Verletzung usetze solls mais wells rem lafen? Schreif mir „R2R“ an mir kucken zesummen wat de nĂ€chste SchrĂ«tt kĂ©int sinnđŸ€

13/10/2026

Ech hu mer dat fest virgehol rem mĂ©i konsequent emzesĂ«tzen, besser dran ze ginn & PROGRESSIV ze steigeren!🚀

Dat kann nĂ«mme gutt ginnđŸ’Ș

Bass du dobÀi?

Adresse

Ettelbruck

Téléphone

+352621281711

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ben's Training Strategy publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message Ă  Ben's Training Strategy:

Raccourcis

Partager

Catégorie