18/05/2025
🥋 Familljefest 2025 🥋
Eis traditionellt Familljefest vum Aïkido Dojo Diddeleng war e ganz gelongenen Owend, voller Freed, Zesummenhalt a Respekt esou wéi d’Wäerter vum Aikido selwer.
Mir haten d’Eier, Son Excellence Monsieur l’Ambassadeur du Japon 🇯🇵 au Luxembourg 🇱🇺, M. MATSUBARA Tadahiro, zesumme mat senger Fra bei eis ze begréissen. Seng Präsenz war fir eis eng grouss Éier a symbolesch Wichtegkeet.
E grousse Merci geet och un de Schons Marc vum Aikido Club aus der Stad an un den Dimitri Crenier, déi eis mat hirer Präsenz a gudder Energie ënnerstëtzt hunn.
Hir kollegial Präsenz ass fir eis e staarkt Zeeche vum Zesummenhalt an eiser Aïkidogemeinschaft.
Verschidde invitéiert Perséinlechkeeten a Partnerinstitutiounen konnten zwar leider net deel huelen dorënner ë. a. d’Gemeng Diddeleng, de Syndicat d’Initiative et de Tourisme.
Si hunn eis awer mat leiwe Messagen a Wënsch ënnerstëtzt, firwat mir hinnen hei aus dem Häerz Merci soe wëllen.
Mir si houfreg op eis Gemeinschaft, op all eenzel Member, a besonnesch op déi schéin Stëmmung déi mer zesumme geschaf hunn.
🥋 Aïkido Dojo Diddeleng 🥋 Mat Häerz a Geescht zesummen. 🥋
///
🥋 Fête familiale 2025 🥋
La fête familiale du Aïkido Dojo Diddeleng fut un moment chaleureux, empreint de partage, d’unité et des valeurs profondes de l’aïkido.
Nous avons eu l’honneur d’accueillir Son Excellence Monsieur l’Ambassadeur du Japon 🇯🇵 au Luxembourg 🇱🇺, M. MATSUBARA Tadahiro, accompagné de son épouse. Leur présence fut un véritable honneur et un symbole fort pour notre club.
Un grand merci également à Schons Marc du club Aïkido Luxembourg ainsi qu’à Dimitri Crenier, pour leur présence et leur énergie positive.
Leur participation témoigne de l’esprit de solidarité qui anime la communauté aïkido au Luxembourg.
Plusieurs institutions invitées n’ont malheureusement pas pu être présentes notamment la Ville de Dudelange, le Syndicat d’Initiative et de Tourisme.
Elles nous ont cependant transmis de chaleureux messages de soutien, que nous remercions très sincèrement.
Nous sommes fiers de notre communauté, de chaque membre et de cette belle énergie partagée ensemble.
🥋 Aïkido Dojo Diddeleng 🥋 Unis dans l’esprit et dans le cœur. 🥋